Ouschtersalon 2010 - « La Danse des Couleurs »
Category: CULTURE and ART
0 rates, 9382 views
Date Added: 5:29 pm - March 10, 2010
© 2010 - All rights reserved
View fullsize
Report this item
Add to favorites
About this file:
Ouschtersalon 2010 - « La Danse des Couleurs »
Op Aluedung vum Comité Alstad weist d’Denise Mackel, eng Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi zu Conter lieft a schafft, ons am Konschthaus Beim Engel op N° 1 an der rue de la Loge eng Partie vun hiren Tableauën ënnert dem Titel
« La Danse des Couleurs »
D’Ausstellung ass op vum 30. Mäerz bis de 17. Abrëll 2010, all Dag vun 10:00 – 12:00 a vun 13:00 – 19:00 Auer, ausser Méindes. Ouschterméindeg, den Dag vun der Éimaischen, ass natirlech op.
----------
Fotoë vun der Alstad gesicht.
De Comite ass zanter e puer Joer amgaang e Fotoarchiv opzebauen, a wier ganz frou iwwer är Mathëllef.
Mir sinn op der Sich no Fotoë vun der Alstad (et kënnen och Filmer sinn, déi dir selwer gedréit hutt). Dat kënnen Architekturfotoë sinn, vu kulturelle Manifestatiounen, selbstverständlech och vun der Éimaischen. Och si mir intresséiert u Fotoë vu sportleche Manifestatiounen, (déi sech um Fëschmaart ofgespillt hunn), Fotoë vu Fëschmaarter Veräiner an hiren Aktivitéiten, vun der Méchelskierch oder vu reliéise Gebräicher ewéi z. B. Prossessiounen, Kommuniounen asw., och Fotoë vu Leit déi, um Fëschmaart geliewt hunn. – Jee, mir sichen all Zort vu Fotoën oder Filmer, déi mam Fëschmaart ze din hunn.
De Comité Alstad wier frou, wa Leit, déi esou Fotoën oder Filmer hunn, dës zur Verfügung géife stellen, fir datt eng Copie kann dovunner gemaach ginn.
Et versteet sech vum selwen, dat är Originaler mat der gréisstméiglecher Suergfalt behandelt ginn an datt se onbeschiedegt hanneschtgeschéckt ginn. – Wien hëllefe kann oder weider Informatioune brauch, soll op der Telefonsnummer 46 61 88 uruffen. Fir är Mathëllef elo schonn e ganz grousse Merci.
Share this file:
| URL: | |
| Embed: |














