Fête du sacrifice d'Abraham (?) le 27 OU 28

Category: POLITICS

Fête du sacrifice d'Abraham (?) le 27 OU 28 Novembre

0 rates, 21045 views

Date Added: 2:03 pm - November 28, 2009
© 2009 - All rights reserved
View fullsize
Report this item
Add to favorites

About this file:

Madame Delvaux,



Betr: "fête du sacrifice d'Abraham (?) le 27 OU 28 Novembre"



Fir d'Eischt emol, et ass de "sacrifice du mouton" an net de "sacrifice d'Abraham". Den Abraham war zwar e klenge Macho, awer esouguer deemols ass een dofir net op de Grill kom.



Zweetens: et get och net de 27ten ODER den 28ten gegrillt, sondern den 27ten. Chröschtdach felten jo och net op den 25ten ODER de 26ten.



Dröttens: mussen di Kanner, di am November grillen, dofir den 25ten (oder

26ten) Dezember dann an d'Schoul go'en? D'chröschtlech Kanner musse jo schliesslech och den 27ten (oder 28ten November) an d'Schoul go'en?



An aanere Wieder: wann d'Grillkanner am November frei kréien an awer net mussen Chröschtdach an d'Schoul go'en, können sech d'chröschtlech Kanner dann den 27ten oder den 28ten November frei huelen? Well soss ass mei Bouw kueesch, wann si eppes därfen wat hien net därf?



Véiertens:: musse di Kanner, di wéinst engem Barbecue een oder zwee Deech nöt mussen an d'Schoul kommen, net dann gratis Noostonne kréien well hinne jo een (oder zwee) Deech Unterricht feelen? Nöt dass se herno och nach kommen a so'en, si wäre méi blöd wi di aaner well Dir hinne express méi frei gin hut fir dass si mi domm bleiwen? Der wösst jo, esou eppes schléit gär no hannen aus.



Wat elo dat Religiéist betrefft:



Ech sin e ferventen Anhänger vun der "Kirche des Unvergleichlichen Mömpelfritz". Meng Religioun schreiwt mir vir, dass ech Méindes (oder

Dönschdes) muerjes nie därf schaffen. Wann ech do géint meng Religioun verstoussen kréien ech vum Grousse Mömpelfritz en décke Kapp gemaach.

Ech het dat religiéist Recht gär konstitutionell verankert.



Och ass et bei ons viirgeschriwen, dass mir musse fönnef Mol am Dach un engem Altoer sto'en an de Massebéier aus dem hellechen Humpen drénken an dass mir Freides möttes musse frei kréien well mir dann alleguer an de grousse Bistrot gin fir d'Zeremonie vum grousse Freidesduuscht. Ech hu gemierkt, dass d'Staats- an d'Gemengenaarbechter des Glaawensfreiheete schon erlaabt krute mat voller Pei an ech wär Iech dankbar, wann Dir dat och gift am Privatsekter durchsetzen aus Respekt viru menger Religioun.



Mir Mömpelfritze gleewen och drun, dass Leit di den Aasch op hun, net därfen an d'Politik go'en. Och do verlaange mir, dass onse Glaw respektéiert göt an dass esou Leit aus der Regierung verschwannen. Et könnt ee jo an der Iwergangszeit, wou dann nach just zwee oder drei Leit an der Regierung wären, e puer Leit aus där Grillpartei huelen fir ze ersetzen. Ech hun Äre Parteichef emol eng Kéier an enger deitscher Kachsendung gesin, an en ass trotzdem Minister. Also, wien grille kann, kann och regéieren. Ech wär Iech also dankbar, wann Dir dann emol aus religiéise Grönn gift ufänken, an Ärem direkten Emkrees all di Leit eraus ze geheien, di den Aasch op hun. Well soss mengem mir herno och nach, Dir wöllt ons entubéieren (en hellecht Wuerd aus menger Religioun daat bedeit "de Gleewejen fir blöd ze haalen".)



Mat beschte Gréiss



Johnny Trierweiler





PS: mei Fils huet mer elo grad matgedeelt, dass hien vun haut un bis just virun Nikloosdach wölt gär aus Testzwecker zum "Grousse Grill Glaw"

iwertrieden. Ech well him net an sei freie Choix schwätzen, machen Iech awer elo schon drop opmierksam, dass mei Bouw den 27ten (oder
28ten) November net an d'Schoul könnt. Hie get dann nämlech den Abbes grillen.



PPS: well mei Bouw nach kee Führerschein huet muss ech hie féieren, a beruffe mech op Iech, wann ech elo mengem Patron uruffen fir him ze so'en, dass ech wéinst engem Barbecue de 27ten (oder den 28ten) November net schaffe kommen (mat voller Pei). Iwrejens zielt dat natiirlech och fir meng Arbechtskollejen, den Jemp, de Pol, de Pedro an de Ali, di och allleguer fundamentalistesch Grillerte sin. Do ass mei Patron awer frou, well, waat fir d'Kanner zielt, zielt och fir di Grouss. Soss wär

d'Aarbechterwelt* jo ungerecht, an Är Partei gif dach Ungerechtechkeete géint Aarbechter ni zou loosse, gell?



---



    * Aarbechter: daat ass zwar an Ärer Partei en onbekannte Begröff,

      awer daat war fréier e Wuert fir di produktiv Kräften an der

      Gesellschaft, haut bedeit et "een dee Steiere bezuelt fir dass

      d'Staatsbeamten- an d'Politiker hir Peie kréien".









Ab nächsten Méinden um INAP en neien Cours: "Mir bastelen eis eng Religioun" gëllteg fir Himmel an Promotioun

Share this file:

URL:
Embed:


Add a comment

Sign in to post a comment. New to Codexnews.tv? Register here.

Recent viewers

More from rauchs

View All

«Forum für Sicherheit und Gesundheitsschutz am Arbeitsplatz»
«Forum für
UEL_Logo_rgb.jpg
UEL_Logo_rgb.j
John4thdimensionofficial.jpg
John4thdimensi
John Mc Laughlin © Thomas Dorn.jpeg
John Mc ©
FaaM_SebastienLouis(Napoli)_print2.JPG
FaaM_Sebastien
FaaM_Ciné_MostarUnited_print2.jpg
FaaM_Ciné_Mos

Related Items

Péckvillche fir d’Éimaischen 2010
Péckvillche
AprèsSki Party am Chalet zu Reckeng/Mess - 26 Februar 2010
AprèsSki am
Vérandas Grand-Ducales® : portes ouvertes
Vérandas :
Vérandas Grand-Ducales : portes ouvertes
Vérandas :
Lazu (vin roumains) forment comme chaque année le moteur d'organisation pour le
Lazu (vin le
ANÆSTHESIA
ANÆSTHESIA